Den 8. Juli hat de Corps Kielen hier traditionell Ofschlossübung wou dëst Joer zesummen mat den Kopleschter an Mamer Kollegen geübt gouf. Simuléiert gouf e Feier an der Schräinerei vum Kielener Atelier an der Industrie Zone mat 3 vermëssten Persounen.
D’Permanence déi fir d’éischt op der Plaz waren wéinst engem Feieralarm, hu dunn schnell missten feststellen datt si dat net kéinten alleng meeschteren an hunn Renfort nogeruff. Doropshin gouf eng Alerte Generale vu Kielen an Koplescht geruff. D’Permanence vu Mamer gouf parallel mat der TLK nogeruff. No zwou Stonnen gouf d’Übung erfollegräich ofgebrach. Dono gouf et nach e Patt an e Bréitchen deen vun der Gemeng offréiert war.
De Schwéierpunkt vun dëser Übung war fir d’Kommunikatioun tëscht den eenzelnen Asazofschnëtter ze trainéieren.