September 2014

Nom Kollektivcongé sinn d’Aarbechten erëm voll amgaang. Den 1te Stack ass esou gutt wei fäerdeg. Am Moment sinn d’Preparatiounsaarbechten amgaangen fir d’Dall iwwert d’Garagen ze zeien.

D’Aarbechten ob der Haaptstrooss laanscht d’Lager vum Delhaize, déi och heiansdo den Verkéier behënnert hunn, ginn och esou lues zu Ënn. Des Aarbechten waren néideg fir de Regiebetrib vun der Gemeng an fir de neien Pompjeesbau un d’Kielener Kläranlag kënnen unzeschléissen.

Posted in Pompjeesbau.