Accident tëscht engem Camion a Bus

Am Nomëtteg vum 24. Mäerz koum et op der Streck fir vu Keespelt op Schëndels zu engem Accident wou e Camion an e Bus dra verwéckelt waren.

De Bus war zu dem Zäitpunkt eidel ënnerwee an och de Chauffer vum Bus koum ouni Blessuren dovun. De Chauffer vum Camion ass mat engem Schock dovu komm.

Op der Plaz war d’Permanence vun de Pompjeeë Gemeng Kielen souwéi d’Police vun der Cap a Miersch.

Accident tëschent engem Camion a Bus
image2
« 2 von 3 »
Posted in Asätz.