Feier an der Industriezone

Um freien Moien vum 1. Mäerz 2015 gouf d’Permanence op ee Feier hannert enger Hal an der Kielener Industriezone geruff.

Op der Plaz hu si festgestallt datt ee Mataarbechter vun der Firma scho probéiert hat d’Feier mat zwee Feierläscher auszemaachen, wat him awer net gelonge war. Doropshi sinn d’Pompjeeën dann mat schwéierem Otemschutz virgaangen fir d’Feier ze bekämpfen.

Den Asaz war no ronn 45 Minutten eriwwer.

Op der Plaz waren d’Pompjeeë Gemeng Kielen mat der Permanence an d’Police vun der Cap.

Feier an der Industriezone zu Kielen
CIMG2049
« 2 von 2 »
Posted in Asätz.