Gléck am Ongléck: Accident tëscht dem Quatre-Vents an Dondel

Um spéiden Mëtteg vum 12. Abrëll 2015 ass op der Stréck tëscht dem Quatre-Vents an Dondel en Auto vun der Strooss ofkomm an op der Leitplank stoe bliwwen. Chance haten déi 3 Leit am Auto, well en just op engem klengen Virsprong un d’stoe koum, ier et 50 Meter de Bësch erofgaange wier.

Déi dräi Persounen konnten sech vum selwen aus dem Auto befreien an koumen fir eng Kontroll an d’Spidol.

Op der Plaz war d’Permanence vu Kielen, de Sauvetage an zwou Ambulanzen vu Mamer souwéi d’Police vun der Cap.

Accident tëscht dem Quatre-Vents an Dondel
CIMG2061
« 3 von 7 »
Posted in Asätz.