D’Fënsteren an d’Baussendieren sinn montéiert.
Ronderëm d’Gebai sinn d’Aarbechten gutt virugaang. D’Parkplazen sinn fäerdeg, elo fehlt nach just den Macadam ob der Fahrspuer.
Een Überflurhydrant hannert dem Gebai ass och gesat an wäert de Pompjeeë an Zukunft dengen fir Übungen ofzehalen.
E puer Biller aus der Garage. Déi technesch Installatiounen sinn gréisstendeels fäerdeg. Et fehlt nach d’Glënner vun der Passerelle souwéi d’Trap fir erof an d’Garage.
Am Instruktiounssall ass de Gipser esou gutt wéi fäerdeg mat senger Aarbecht. Den Installateur huet d’Réier fir d’Waasser, Heizung a Lüftung schonn geluecht an den Elektriker huet d’Kabelen gezunn.









