Centre d'Incendie et de Secours Kehlen

Workshop mam Lycée Ermesinde

“Zivilcourage” war eng Woch laang d’Thema am Lycée Ermesinde zu Miersch. An deem Kader goufen verschidden Atelieren vun de Schüler selwer organiséiert.

Een Thema dovun war de “Rettungsdéngscht”. De Pit Bodson an de Malik Reinertz, 2 Schüler a gläichzäiteg och Memberen bei eis an de Jugendpompjeeën hunn dësen Atelieren zesummen mat engem Schoulkolleg, engem Jugendpompjee vu Klierf, organiséiert.

Verschidden Aspekter aus dem Alldag vum Rettungsdéngscht sollte gewise ginn an d’Schüler sollten awer och selwer eng Hand an verschiddenen Atelieren mat upaken kënnen.

Zesummen mat den Mierscher Pompjeeën an engem Ambulanzinstrukter vun der Administration des services de secours goufen vun deenen dräi Schüler kuerzer Hand zu Miersch am Pompjeesbau dräi kleng Atelieren preparéiert wou d’Schüler aus hirer Schoulklass e ganzen Dag sollten beschäftegt ginn.

Beim éischten Atelier konnten d’Schüler hier Erfahrung mat engem Feierläscher maachen. Den zweeten Atelier war eng Introduktioun an d’Éischt Hëllef vum Ambulanzinstrukter Jemp Buijs. Do hunn d’Schüler Verbänn probéiert an se hunn ënner anerem déi richteg Geste geléiert, déi bei engem Häerzinfarkt ze maachen sinn.

Am leschten Atelier goung et dorëms fir hire Schoulkollegen verschiddent Material vum Rettungsdéngscht ze presentéieren. Dofir hunn sech eis Jugendleeder, den Alain, de Mischi an de Kevin Zäit geholl a sinn mat eisem éischten Tankwon ob Miersch gefuer wou dat Gefier mat sengem Material vum Malik a vum Pit am Detail virgestallt gouf.

No der Presentatioun konnten d’Schüler nach selwer eng Hand upaken an e Läschugrëff opbauen.