Um Donneschden Owend si géint 19:30 zwee Motorieder mat zwee Autoe kollidéiert. Dobäi ass den Tank vun engem Motorrad opgefuer an den auslafende Bensin huet sech entzünt. Ersthelfer op der Plaz haten scho probéiert d’Feier auszekréien an hunn sech bis d’Antreffe vun de Rettungsequippen ëm déi verletze gekëmmert.
Déi zwee Motorradschauffeure goufen uerg verwonnt a koume mat enger Ambulanz an dem Helikopter an d’Spidol. Ee Chauffer vun engem Auto koum och mat liichte Blessuren an d’Spidol.
Op der Plaz war d’Permanence vun de Pompjeeë Gemeng Kielen, de Sauvetage souwéi zwou Ambulanze vu Mamer, eng Ambulanz vu Stengefort, de SAMU aus der Stad an de SAMU vun Ettelbréck mam Helikopter. D’Police war och mat méi Patrullen, dem Helikopter an der Police Technique vertrueden.
Fotoen: Raymond Faber
