De Samschdeg Moien, kuerz virun 7 Auer, goufen d’Pompjeeë aus der Gemeng Kielen ob e Kellerbrand ob Keespelt geruff. D’Bewunner aus dem Haus sinn duerch den Alarm vum Rauchmelder erwächt a sinn sou op d’Feier opmierksam ginn. Si konnten esou hiert Haus matzäit verloossen an iwwert den 112 d’Pompjeeë ruffen.
Een éischten Otemschutztrupp ass iwwert d’Trapenhaus an de Keller virgaang fir d’Garagepaart opzemaachen. Obwuel d’Feier dunn séier konnt geläscht ginn ass duerch den Damp e groussen Schued entstanen.
