Oktober 2015

Lues awer sécher ginn d’Aarbechten am neien Pompjeesbau ob een Enn. D’Fassade ass esouwäit fäerdeg, d’Storen sinn montéiert an d’Solarpanelen um Daach sinn installéiert.

  2

Déi éischt Miwwelen sinn do, d’Vestiairen sinn opgeriicht a prett fir an den Asaz.

3 4

De Plätterchersleeër ass fäerdeg, den Usträicher huet nach just e puer Retouchen ze maachen an den Elektriker huet esou gutt wéi all d’Luuchten opgehaang. D’Kichen an d’Mini-Bar sinn montéiert an asazbereet.

7 8 9

An deenen nächsten Wochen ginn nach d’Dieren agesat an de Sanitär geliwwert a montéiert, esou dass dann déi gréisser Aarbechten ofgeschloss wären.

Posted in Pompjeesbau.