Den 26. November huet d’Gemeng Kielen op eng Porte Ouverte am neien Pompjeesbau invitéiert fir en de Leit aus der Gemeng ze presentéieren. Alles an allem waren ongeféier 200 Leit op der Porte Ouverte fir sech d’Gebai unzekucken an sech iwwert den Fonctionnement vum Service ze informéieren.
Den Dag drop, den 27. November, gouf de Bau an Präsenz vum Innenminister Dan Kersch, dem Schäffen- a Gemengerot, vun sämtlechen Memberen vun de Pompjeeën aus der Gemeng Kielen an enger ganzer Réi vu weideren Invitén féierlech ageweit. Dobäi gouf och bemierkt datt mir den éischten Zenter am Land sinn wou déi nei Bezeechnung „Centre d’Incendie et de Secours“ ob der Fassade dréit.
Kuerzen Iwwerbléck vum neien Zenter
Um Rez-de-Chaussez fënnt een d’Garage mat Platz fir 5 Gefierer, eng Stellplatz ass och équipéiert fir kënnen d’Gefierer an der Garage ze wäschen. Direkt nierwendrun ass de Männervestiaire mat 44 Spinten an en Dammevestiaire mat 6 Spinten, alle béid hunn och e Sanitärberäich mat Duschen an Toiletten. Niewendrun gëtt et een klengen Atelier fir kleng Reparaturen ze machen an mat Stockageplatz fir Asaazgeschier (Motorseeën, Pompelen,…) dat bei gebrauch kann zousätzlech mat ob den Asaaz gehol ka gin. Nierft der Garage befënd sech eng kleng Zentral mat 2 Aarbechtsplazen, wou bei Stuerm an Héichwaasser kennen d’Asäz koordinéiert gin.
Um 1. Stack ass ee Bureau fir déi ganz administrativ Aarbechten ze machen. Ob deem Stack hun d’Jugendpompjeeën och hieren eegenen Vestiaire mat 28 Spinten. Fir den Entretien vun den Otemschutzgeräter ze maachen gett et eng Otemschutzwierkstatt fir kënnen d’Masken ze botzen an ze préifen an fir déi eidel Otemschutzfläschen ërem ze fëllen. Zousätzlech um 1te Stack ass e Stockage fir Reservematérial an den Heizungsraum.
Um 2. Stack gëtt et nach ee Bureau mat enger Kleederkummer, eng kleng Expo vun historeschem Matérial, een eegene Raum fir d’Jugendpompjeeën, en Séjour mat Kitchenette an en Instruktiounssall.