1. Mee mat den Jugendpompjeeën

Wei Traditioun et verlaangt hunn och d’Jugendpompjeeën aus der Gemeng Kielen hire Meekranz gemaach. Moies ass et an de Bësch gaangen a fir Mëtteg ware ma erëm wou de Meekranz beim Pompjeesbau opgehaange gouf. Als Ofschloss ass dann nach zesumme Gegrillt ginn. Merci all deenen déi gehollef hunn.

Weiderliesen

Donnerwiederen iwwert Lëtzebuerg

Vill lass war zu Meespelt a Keespelt déi läscht Nuecht mat den Donnerwiederen. Duerch de ville Reen an de Knëppelsteng waren zu Keespelt a Meespelt vill Kelleren an enger ganz kuerzer Zäit voll gelaf. Mir waren vun 22:00 bis 03:00 mat 5 Equippen an 20 Leit am Asaz, zousätzlech koum nach eng Equippe vum CIS […]

Weiderliesen

Rapport 2017

D’Joer 2017 war fir den CIS Kehlen nieft den sëllegen Asätz mat der Aféierung vum First-Responder-Dëngscht gezeechent. Am ganze goufen 120 Asätz geleescht, wat e minus vun 31 Asätz ass am Vergläich zu 2016. Déi Asätz hunn sech opgedeelt op 99 Technesch Asätz an 16 Brand Asätz an 5 First-Responder Asätz, woubei dei kleng Unzuel […]

Weiderliesen

Kichebrand zu Nouspelt

Um 21:30 op Silvesterowend gouf den CIS Kielen op e Kichebrand op Nouspelt geruff. Op der Plaz ukomm gouf festgestallt datt sech keng Bewunner méi am Haus géifen ophalen an datt an der Kichen e Kachdëppe géing brennen. Duerch déi gutt Reaktioun vun den Awunner war Dier zur Kichen zou an eng Dampausbreedung konnt verhënnert ginn. Am […]

Weiderliesen

Visite beim 112

Den 10. Dezember 2017 waren d‘Jugendpompjeeën vu Kielen op Visite beim 112. Si kruten do alles erklärt wat den Noutruf ugeet an konnten zum Schluss och engkéier kucken wéi et an der Zentral ausgesäit wou all d’Apeller entgéint geholl ginn. Zum Schluss gouf nach en Noutruff simuléiert, vum Telefon bis bei d’Alerte. Bericht : Larry […]

Weiderliesen

24h Beruffspompjeeën

Den 16ten an 17ten September haten d’Jugendpompjeeën aus der Gemeng Kielen eng Übung wou si während 24 Stonnen an der Haut vun engem Beruffspompjee waren. Dëst ass eng Aktivitéit déi d’Jugendpompjeeën dorop virbereeden soll spéiderhin als aktive Pompjee op d’Asätz ze fueren. D’Jugendpompjeeën selwer woussten net wat am Dag op si duer géif kommen. Esou […]

Weiderliesen

Feier an engem Appartementshaus zu Capellen

An der Nuecht vum 22. August koum et op der Arelerstrooss zu engem Feier an der Kichen vun engem Appartement. D’Awunner konnten sech alleguer a secherheet brengen sou datt kee blesséiert gouf. D’Feier konnt schnell lokaliséiert ginn an och schnell geläscht ginn, doduerch datt et awer en Appartement war huet missen all Wunneng op méiglech […]

Weiderliesen

Feier an engem Bësch zu Nouspelt

Mir goufen géint 14 Auer vum Fierschter drop opmierksam gemaach datt et an engem Bësch zu Nouspelt géing dämpen. No enger éischter Erkundung zesummen mam Fierschter fir d’Plaz ze fannen an d’Ausmooss vum Feier festzestellen gouf entscheed d’Permanence op Plaz ze ruffen fir d’Feier ze läschen. Well et relativ wäit am Bësch war, gouf och direkt […]

Weiderliesen