Haut gouf zu Stroossen domat ugefaang fir am Centre de Logopedie en neien Flüchtlingszenter op ze riichten. Den éischte Schrëtt war et fir alles wat net méi gebraucht gëtt eraus ze raumen an ze botzen. Dono gouf gekuckt wat nach kéint gebraucht ginn, wéi zum Beispill Schief fir Kleeder oder Spillsaachen.
An den nächsten Deeg kommen nach Better an aner néideg Infrastrukturen déi fir en Flüchtlingzenter gebraucht ginn.
Un dëser Aktioun waren ënnert anerem Memberen vun de Pompjeeë Gemeng Kielen, dem Centre d’intervention et de secours Mamer, de Pompjeeën vu Bartréng-Stroossen, Rollengergronn, Miersch a Koplescht.
