Centre d'Incendie et de Secours Kehlen

Accident tëschent Nouspelt a Kielen

Am Nomëtten vum 21. Dezember koum et op der Streck tëscht Nouspelt a Kielen zu engem Accident. Eng Persoun war mat sengem Auto vun der Strooss ofkomm an géint e Bam gerannt. Den Auto ass dobäi um Daach leie bliwwen. De Chauffer krut duerch Ersthelfer direkt gehollef a konnt sech och alleng aus dem Auto befreien.

Op der Plaz war den CIS Kielen mam LF 2 an 5 Mann, den CIS Mamer mam HLFA 2 mat 5 Mann an enger Ambulanz souwéi d’Police vun der Cap.

« 1 von 3 »