D’Joer 2015 war e gutt gefëllte Joer fir d’Pompjeeën aus der Gemeng Kielen.
Am ganze goufen 206 Asätz geleescht, wat e plus vun 53 Asätz ass am vergläich zu 2014. Déi Asätz hunn sech opgedeelt op 184 Technesch Asätz an 22 Brand Asätz.
E puer méi spektakulär Asätz waren och dobäi:
Ee schwéiert Motorradsaccident tëschent dem Quatre-Vents a Koplescht, een Daachstullbrand an och ee Kellerbrand, allebéid zu Keespelt souwéi och de groussen Stuerm am Oktober waren erauszehiewen. Zousätzlech goufe mer gefrot fir während 5 Deeg beim Opbaue vun engem Flüchtlingslager ze hëllefen.
De Gros vun den Asätz gouf vun der Permanence (Équipe vu 6 fräiwëllegen Pompjeeën, déi permanent fir kleng Asätz zur Verfügung steet) bewältegt. Iwwert d‘Joer war d’Permanence an der Moyenne mat 5,2 vu 6 Persoune besat. Am ganzen goufen 45.042 Stonnen Déngscht geleescht. Am Verglach zu de Joeren virdrun war d’Permanence 2015 doduerch besser besat. Dëst war méiglech duerch nach méi Engagement vun de Fräiwëllegen, mee och doduerch dass d’Gemeng am Dag iwwer méi Leit zur Verfügung stellt fir an den Asaz ze goen. Hei goung e grousse Merci un d’Gemeng Kielen, déi 4 Gemengenaarbechter fräigestallt huet fir während dem Dag iwwer kënnen Permanence ze maachen.
Och bei der Ausbildung ass vill geleescht ginn. 72 mol waren eis Pompjeeën ageschriwwen fir un engem vun 14 verschiddenen Coursen op regionaler an nationaler Basis deelzehuelen ‐ nieft den normalen Übungen déi all zweet Woch lokal am Zenter stattfannen.
Och ausserhalb vun den Asätz an Übungen war 2015 e bedeitend Joer an der Geschicht vum jonken Corps, gouf den 31. Oktober an eisen neie Pompjeesbau geplënnert an de 27. November war d’Aweiung a Präsenz vum Inneminister Dan Kersch.
D’Jugendpompjeeë waren d’Joer iwwer och ganz Aktiv. Si hunn am ganzen un 21 Aktivitéiten deelgeholl, dovunner 15 theoretesch oder praktesch Übungen. Méi speziell waren ënnert anerem eng gréisser Übung vum ale Kanton Capellen zu Äischen an eng Gemeinschaftsübung mat de Jugendpompjeeë vu Lëntgen.
Gemeinschaftsübung Jugendpompjeeë Kielen-Lëntgen