E Samschdeg, 19. Mäerz, kuerz no Mëtteg goufe d‘Pompjeeën aus der Gemeng Kielen op e Kellerbrand op Ollem geruff. Op der Plaz ukomm gouf festgestallt datt Flamen aus der zouener Garagepaart erausgeschloen hunn. D‘Awunner konnten sech all selwer a Sécherheet bréngen sou datt kee blesséiert ginn ass.
Eng éischt Otemschutzéquipe ass mat engem Schlauch duerch d’Trapenhaus an de Keller virgaang fir d’Féier ze lokaliséieren an ze bekämpfen. Eng zweet Otemschutzéquipe huet d‘Garagepaart opgemaach fir esou een zweeten Ugrëffswee ze schafen an fir dem decken Damp lasszeginn. Während deem ganzen Asaz ass esou gutt wéi méiglech probéiert ginn fir dass den Damp sech net am Haus verbreede géif, esou dass de Schued sech op déi betraffe Raim begrenzt huet.
Eng weider Otemschutzéquipe vu Mamer huet zum Schluss nach eng kéier de ganze Keller kontrolléiert an d’Haus gouf nach komplett belëft. Den Asaz war no ronn zwou Stonnen eriwwer.
Op der Plaz waren Pompjeeën aus der Gemeng Kielen mat 4 Gefierer an 16 Mann, 9 Pompjeeën aus dem Asazzenter vu Mamer mat der Leeder an engem Tankwon, d’Police vun der Cap, de Miess- an Erkennungsdéngscht an déi 2. Schäffen vun der Gemeng Kielen.