Centre d'Incendie et de Secours Kehlen

Accident op der A6 richtung Stengefort

Um Owend vum 23. Juli goufe mir op en Accident op d’Areler Autobunn bei der Sortie Stengefort geruff. Op der Plaz ukomm gouf festgestallt datt an engem Auto nach zwou Persounen ageklemmt waren. Aus engem 2. Auto konnte sech d’Persounen selwer befreien. Alles an allem ware 4 blesséierter ze bekloen.

Op der Plaz war den CIS Kielen mam LF2 1, den CIS Mamer mam HLFA1 1 an enger Ambulanz, den CIS Lëtzebuerg mat 2 Ambulanzen, de SAMU vun Esch sou wéi d’Police. Ponts & Chaussées hunn eis d’Asazplaz ofgesechert.

(Fotoen: Steil Jordan)

2016-07-23 Accident A6 Sortie Steinfort