Den CIS Kielen funkt elo Digital

Zënter knapps enger Woch si mir mam neien Digitalfunk RENITA (Réseau national intégré de radiocommunication) ausgerüst ginn. Dobäi gouf an all de Gefierer déi al Analog Funkgeräter duerch neier ersat. Och eise Poste Fixe ass elo voll funktiounsfäeg.

Doduerch datt elo all Zenter seng 4 Spriechgruppen huet an och nei „Kommandogruppen“ geschafe goufen, déi am Kader vun der Asazleedung gebraucht ginn, ass een elo vill méi flexibel. Zousätzlech dozou ass et dem 112 elo och zu all Moment méiglech genau ze gesinn wéi eng Asazmëttel wou stinn, an ob se disponibel sinn oder net.

 

Posted in Wëssenswertes.