Centre d'Incendie et de Secours Kehlen

Feier zu Ollem

Um spéide Moie vum 03.Februar gouf de CIS Kehlen mëttels Alerte Générale op ee B2 geruff, mat der Meldung et géif aus engem Haus schwaarz eraus dämpen.

Ënnerwee koum awer schonn d’Réckmeldung vun der Ambulanz déi schonn op der Plaz war, datt d’Feier aus wier.

Et huet sech dunn eraus gestallt datt een Holzkoup hannert dem Haus gebrannt hat.

De Keller vum Haus dee staark ënnert Damp stoung, gouf dunn mëttels Belëfter nach fräi vum Damp gemaach, éier de LF21 vu Kielen erëm heem fuere konnt.

Op der Plaz waren de CIS Kehlen mat engem LF21, de CIS Mamer mat engem HLFA 11 an TMF 21, de CIS Steinfort mat enger Ambulanz an d‘Police vu Capellen.