D’Joer 2016 war fir den CIS Kehlen nieft den sëllegen Asätz mat enger Porte Ouverte souwéi enger Aweiung vun zwee neien Asazgefierer geprägt.
Am ganze goufen 151 Asätz geleescht, wat e minus vun 55 Asätz ass am vergläich zu 2015. Déi Asätz hunn sech opgedeelt op 138 Technesch Asätz an 13 Brand Asätz.
Eraus ze hiewen waren zwee schwéier Accidenter, eng kéier op Päischtméindeg tëscht Mamer a Kielen an eng kéier op der Areler Autobunn. Donieft haten waren mir och op engem Daachstullbrand zu Nouspelt gefrot.
De Gros vun den Asätz gouf vun der Permanence (Équipe vu 6 fräiwëllegen Pompjeeën, déi permanent fir kleng Asätz zur Verfügung steet) bewältegt. Iwwert d‘Joer war d’Permanence an der Moyenne mat 5,4 vu 6 Persoune besat. Am ganzen goufen 48.561 Stonnen Déngscht geleescht. Am Verglach zu de Joeren virdrun war d’Permanence 2016 besser besat. Dëst war méiglech duerch nach méi Engagement vun de Fräiwëllegen, mee och doduerch dass d’Gemeng am Dag iwwer méi Leit zur Verfügung stellt fir an den Asaz ze goen. Hei goung e grousse Merci un d’Gemeng Kielen, déi 5 Gemengenaarbechter fräigestallt huet fir während dem Dag iwwer kënnen Permanence ze maachen.
Och bei der Ausbildung ass vill geleescht ginn. 41 mol waren eis Pompjeeën ageschriwwen fir an engem vun 13 verschiddenen Coursen op regionaler an nationaler Basis deelzehuelen ‐ nieft den normalen Übungen déi all zweet Woch lokal am Zenter stattfonnt hunn.
Och ausserhalb vun den Asätz an Übungen war 2016 rëm e bedeitend Joer an der Geschicht vum jonken Corps, sou war den 29. Mee eis éischt Porte Ouverte an den 27. Oktober konnten zwee nei Asazgefierer vum Buergermeeschter agweit ginn.
Gruppefoto Gefierer 2016
D’Jugendpompjeeë waren d’Joer iwwer och ganz Aktiv. Si hunn am ganzen un 25 Aktivitéiten deelgeholl, dovunner 20 theoretesch oder praktesch Übungen. Méi speziell waren ënnert anerem eisen „24h Beruffspompjee“ an eng Visite bei den THW op Bitburg.