Um Sonndeg Moie vum 12.Mäerz, hu mir mat eiser Jugend vun deem schéine Fréijoerswieder profitéiert an hunn eng Übung zu Ollem an der Cité organiséiert.
D’Kanner hu missten an zwou Equippen Material an der Cité sichen. Dobäi souz ee vun de Kanner souz an eisem ELW an huet déi zwou Equippen op Plaze geleet wou eppes verstoppt war.
Wann eng Equippen eppes fonnt hat, hunn si missten dem ELW beschreiwe wat et se fonnt haten. Doropshi kruten si vum ELW en neit Zil matgedeelt an sinn hu missten dohi goen.
Dat Material wat se fonnt haten, huet natierlech missten erëm matgeholl ginn, dobäi konnten sinn iwwert den ELW och eisen MZF ufroe fir dat Material sichen ze fueren.
Alles an allem haten 13 Kanner un der Übung deelgeholl.