Centre d'Incendie et de Secours Kehlen

Feier an enger Scheier zu Nouspelt

Am fréien Nomëtteg vum 8. Juni 2017 si mir mat dem Asazstechwuert „B3″fir e Feier op engem Bauerenhaff zu Nouspelt geruff ginn.

Am Stall goufen Ëmbauaarbechten gemaach, fir dass keen Dreck sollt an Zetär falen gouf dës zougedeckt, wouduerch sech d’Gasen an der Zetär konnte sammelen. Duerch d’Schweessaarbechten koum et zu enger Verpuffung vun de Gasen. Doduerch huet d’Isolatioun am Stall an d’Stréibotten an der Scheier direkt niewen drun ugefaange mat brennen. Heibäi gouf awer kee Verletzt.

D’Pompjeeën hunn just nach emol missten ofläschen an nach Brandnäschter fräileeën an konnten dunn d’Asazplaz un de Proprietär zeréck ginn.

Op der Plaz war den CIS Kielen mat 5 Gefierer a 17 Mann, den CIS Mamer mat der Ambulanz, HLF1 an mam TMF, den CIS Koplescht mam HLF1 den CIS Stengefort mam HLF2 an den CIS Käerch mam TLFA2 souwéi den Regionalinspekter, d’Police an de Buergermeeschter vun der Gemeng Kielen.

2017-06-08 Feier an enger Scheier zu Nouspelt