Den 17. Juni war eis Jugend zesummen mat de Jugendpompjeeën aus den Zenteren Walfer a Mamer vun de Jugendpompjeeën Koplescht op eng Gemeinschaftsübung invitéiert ginn.
Dobäi hu si missten verschidden Weeër oflafen an dobäi sinn si op verschidden Szenarië getraff déi si hu missten bewältegen. Déi 5 Équipen waren mat Persounen konfrontéiert déi beim Trëppelen oder Vëlofuerer gefall waren an sech eppes gebrach haten, do hat zum Beispill och e Bëschaarbechter en Accident mat enger Motorsee oder ee Jeeër war aus sengem Hochsitz gefall.
D’Kanner konnten op weider Hëllef zeréckgräifen wann si esou eng Victime fonnt haten, dobäi hu si iwwert den ELW2 eng Ambulanz oder e First Responder ugefuerdert, oder wann et méi komplizéiert war eng Sektioun mat weidere Pompjeeën mat engem HLF. Och d’Hondstaffel huet enger enger Équipe missten hëllefen eng vermësste Persoun am Bësch ze fannen.
Den Challenge deen d’Kanner bei dëser Übung haten, war fir mat enger Kaart ëmzegoen an iwwer Funk déi richteg Kräften op déi richteg Plaz no zeruffen wann si eng Persoun fonnt haten an dann och Éischt Hëllef ze leeschten.
No der Übung kruten d’Jugenpompjeeën eppes vum Grill.
