Centre d'Incendie et de Secours Kehlen

Übung: Sichaktioun am Juckelsbësch

Um Owend vum 27.Juni haten mir eng Übung déi vun 2 vun eisen aktiven Memberen organiséiert gouf. Thema vun der Übung war eng Sichaktioun fir ënnert anerem Orientatioun an Kommunikatioun iwwert den neien Funkréseau RENITA ze üben. De Szenario war datt 2 Persounen am Besch vermësst goufen an de Wee net méi raus fonnt hunn.

Fir d’Übung méi interessant ze gestalten, kruten d’Equippen um Terrain vun Zäit zu Zäit nei Informatiounen zu den Persounen, zum Beispill wéi se gekleet waren an wou se fiert lescht gesi goufen. No 1h30 Stonnen goufen waren du déi 2 Vermëssten Persounen fonnt ginn.