Feier an engem Bësch zu Nouspelt

Mir goufen géint 14 Auer vum Fierschter drop opmierksam gemaach datt et an engem Bësch zu Nouspelt géing dämpen. No enger éischter Erkundung zesummen mam Fierschter fir d’Plaz ze fannen an d’Ausmooss vum Feier festzestellen gouf entscheed d’Permanence op Plaz ze ruffen fir d’Feier ze läschen.

Well et relativ wäit am Bësch war, gouf och direkt den TLFA2 1 vun eis matgepiipst. Den LF2 1 ass nach matkomm fir de rescht vun der Equipe matzebrengen an am Fall wou nach weidert Waasser op der Plaz ze hunn. Donieft war d’Police vun der Cap och op der Plaz.

2017-07-19 Feier am Bësch
Posted in Asätz.