Feier an engem Appartementshaus zu Capellen

An der Nuecht vum 22. August koum et op der Arelerstrooss zu engem Feier an der Kichen vun engem Appartement. D’Awunner konnten sech alleguer a secherheet brengen sou datt kee blesséiert gouf.

D’Feier konnt schnell lokaliséiert ginn an och schnell geläscht ginn, doduerch datt et awer en Appartement war huet missen all Wunneng op méiglech Persounen kontrolléiert ginn. Doduerch waren 4 Binômen mat Otemschutz am Asaz.

Op der Plaz waren den CIS Mamer an den CIS Kielen sowéi d’Police vu Capellen an den Buergermeeschter vu Mamer.

(Fotoen: Steil Jordan)

2017-08-22 Feier Appartement Capellen
Posted in Asätz.