24h Beruffspompjeeën

Den 16ten an 17ten September haten d’Jugendpompjeeën aus der Gemeng Kielen eng Übung wou si während 24 Stonnen an der Haut vun engem Beruffspompjee waren. Dëst ass eng Aktivitéit déi d’Jugendpompjeeën dorop virbereeden soll spéiderhin als aktive Pompjee op d’Asätz ze fueren. D’Jugendpompjeeën selwer woussten net wat am Dag op si duer géif kommen. Esou wei d’läscht Joer goufen d’Jugendpompjeeën an Sektiounen op déi verschidden Pompjeesgefierer agedeelt an goufen mat hirem Gefier op Asätz gefouert.

Samschdeg Moies hunn d’Jugendpompjeeën een Bam, deen op d’Strooss gefall war, beseitegen missen, an eng Mazoutspuer ewechmaachen. Dono hat zu Ollem an der Cité nach eng Poubelle gebrannt.

Nom Mëttegiessen, eng gutt Spaghetti Bolognese, war och schonn den nächsten Asaz, een Autosaccident, erëm zu Ollem an der Cité. Do war een Auto an e Blummeback gerannt an et war eng Persoun ageklemmt an e weideren Auto huet gebrannt. Géint der Owend war nach eng Persoun am Bësch gefall a huet missten eraus gedroe ginn fir der Ambulanz ze iwwerginn.

Owes gouf dunn nach zesummen “Feuer und Flamme” op der grousser Leinwand am Instruktiounssall am Pompjeesbau gekuckt iert Kanner no deem ustrengenden Dag schlofen gaange sinn.

Hannert dësem Weekend stécht natierlech vill Organisatioun. Dofir hunn Jugendleeder vun de Kielener Pompjeeën sech schonn méintelaang virdrunner zesummen gesat fir alles ze organiséieren. Vun den Feldbetter iwwert d‘Iessen bis zu den Asätz huet alles missen geplangt ginn. Während der Übung woren och e puer vun den aktiven Pompjeeën vill ënnerwee fir déi nogestallten Asätz opzeriichten an och erëm ofzeriichten.

Fir de Weekend ofzeschléissen gouf et um Sonndeg Owend ee gréisseren Asaz wou d‘Elteren vun den Jugendpompjeeën och hunn dierfen kucken kommen. Op deem Asaz hunn Jugendpompjeeën een Holzkoup geläscht, deen a Vollbrand stoung. Zousätzlech gouf eng Persoun vun engem Container erof gerett. Als Ofschloss hunn d’Jugendpompjeeën zesummen mat hiren Jugendleeder an all den Helfer gegrillt.

Text: Marion Petesch
Fotoen: Jordan Steil; Patrick Schneider, Gregory Ford

2017 - 24h Beruffspompjeeën
Posted in Jugendpompjeeën.