Kichebrand zu Nouspelt

Déngschtéquippe vu Silvester

Um 21:30 op Silvesterowend gouf den CIS Kielen op e Kichebrand op Nouspelt geruff. Op der Plaz ukomm gouf festgestallt datt sech keng Bewunner méi am Haus géifen ophalen an datt an der Kichen e Kachdëppe géing brennen. Duerch déi gutt Reaktioun vun den Awunner war Dier zur Kichen zou an eng Dampausbreedung konnt verhënnert ginn.

Am Asaz waren 2 Binôme d’attaque fir d’Feier ze läschen, wat och ganz schnell geschitt war. Fir eng weider Dampausbreedung ze verhënneren gouf ee Rauchverschluss agesat an nodeems d’Feier aus war gouf d’Haus nach mat engem Belëfter gelëft.

Et koumen keng Persounen zu schued, d’Kichen ass duerch d’Feier an den Damp zerstéiert ginn.

Op der Plaz waren den CIS Kielen mat 2 Gefierer an 10 Mann, den CIS Mamer mat 3 Gefierer an 8 Mann, d’Police vun der Cap souwéi den Buergermeeschter an déi 2 Schäffen aus der Gemeng Kielen.

Posted in Asätz.