Rapport 2017

D’Joer 2017 war fir den CIS Kehlen nieft den sëllegen Asätz mat der Aféierung vum First-Responder-Dëngscht gezeechent.

Am ganze goufen 120 Asätz geleescht, wat e minus vun 31 Asätz ass am Vergläich zu 2016. Déi Asätz hunn sech opgedeelt op 99 Technesch Asätz an 16 Brand Asätz an 5 First-Responder Asätz, woubei dei kleng Unzuel vun dësen Säz bedëngt ass dass mer mat dësem Dëngscht réicht den 15ten Dezember ugefang hun.

Eraus ze hiewen waren e puer schwéier Accidenter an e Scheierbrand zu Nouspelt. Donieft haten waren mir och als Verstärkung op verschidden Bränn an eisen Nopeschgemengen gefrot.

Aktivitéitsbericht 2016 - Asätz

De Gros vun den Asätz gouf vun der Permanence (Équipe vu 6 fräiwëllegen Pompjeeën, déi permanent fir kleng Asätz zur Verfügung steet) bewältegt. Iwwert d‘Joer war d’Permanence an der Moyenne mat 5,3 vu 6 Persoune besat. Am ganzen goufen 46.653 Stonnen Déngscht geleescht. Dëst war méiglech duerch den groussen Engagement vun de Fräiwëllegen, mee och doduerch dass d’Gemeng am Dag iwwer 4 Gemengenaarbechter fräigestallt huet fir während dem Dag iwwer kënnen Permanence ze maachen.

Och bei der Ausbildung ass vill geleescht ginn. 36 mol waren eis Pompjeeën ageschriwwen fir an engem vun 19 verschiddenen Coursen op regionaler an nationaler Basis deelzehuelen ‐ nieft den normalen Übungen déi all zweet Woch lokal am Zenter stattfonnt hunn.

D’Jugendpompjeeë waren d’Joer iwwer och ganz Aktiv. Si hunn am ganzen un 25 Aktivitéiten deelgeholl, dovunner 20 theoretesch oder praktesch Übungen. Méi speziell waren ënnert anerem ërem eisen Daag „24h Beruffspompjee“ an e Velostuer.

24H Beruffspompjee 2016
Posted in Wëssenswertes.