ELW1

Fabrikant: Ford (Ford Transit)
Gesamtgewiicht: 3,5t
Baujoer: 2008
Équipage: 9

Eisen ELW 1 (EinsatzLeitWagen bis Peletonsstäerkt) e Won fir ob enger Asazplaz eng kleng Asazleedung kenne ze maachen. Och d’Iwwerwaachung vun den Otemschutzdréier gëtt bei engem gréissere Feier vun dësem Won aus gemaach.

Hannendrann ass e klengen Dësch fest agebaut. Fest installéiert sinn och zwee Funkgeräter fir kennen parallel iwwert 2 verschidde Funkkanäl ze schaffen. Zousätzlech dozou ass och nach e klenge Schaf agebaut mat Pläng vu verschiddene gréissere Gebaier a vun den Waasserleitungen aus der Gemeng Kielen.

Hannen am Won sin zousätzlech Funkgeräter, eng Éischt-Hëllefs-Këscht souwéi verschiddent Material fir eng Asazleedung ënnerbruecht.