Rollcontainer "Héichwaasser"

Den Rollcontainer "Héichwaasser" gëtt geholl wann Waasser an engem Haus eragelaf ass.

E besteet aus

  • 3 Tauchpompelen
  • 1 Nasssauger
  • Verschiddent Material wat ee bei Tauchpompelen an engem Nasssauger brauch

Tauchpompel Set

Den "Tauchpompel Set" ass dofir do, fir bei enger Héichwaassersituatioun de Leit schnell kennen dat néidegt Material zur Verfügung ze stellen, wat och iwwert eng länger Zäit kann op der Plaz bleiwen.

Dofir hu mir zwee där Set'en déi haaptsächlech aus enger Tauchpompel besteet an dem néidege Material fir dat ganzt ze bedreiwen, mat der Ausnahm vum Stroum, dee mer bei de Leit musse kréien.

Sou e Set ass sou opgebaut, datt se mat all Gefier kënnen op Plaz gefouert ginn.

E Set besteet aus

  • Tauchpompel TP4 oder TP2
  • B oder C Schlauch
  • B oder C Rohrbogen
  • Kupplungsschlëssel
  • 5m Lein
  • FI-Schalter