Jugendpompjeeën

Bei de Jugendpompjeeë geet et drëms mat enger flotter Equipe, mat Frënn a Kollegen d'Wësse vum Feierbekämpfen an dem Rette vu Mënscheliewe ze léieren.

Dat gëtt alles mat Spill a Spaass verbonnen. Mir ginn zum Beispill mat de Camione sprëtzen, léiere mat dem Geschir ëmzegoen, léiere vir eise Wëssenstest oder gi schwammen a Schlittschong an Vëlo fueren.

Eng Übung vun de Jugendpompjeeën wou si mat engem Feierläscher geübt hunn

Eng Übung vun de Jugendpompjeeën wou si mat engem Feierläscher geübt hunn

Mir huelen och regelméisseg un engem Camp an der Regioun deel.

D'Übunge bei de Jugendpompjeeën sinn 1 bis 2 mol am Mount, ëmmer Sonndes moies vun 10h00 bis 12h00. Encadréiert ginn déi Jonk vun erfuerenen an ausgebilten Jugendleederen.

Ab 8 Joer kënnen déi Jonk, Jongen a Meedercher, bei de Jugendpompjeeën ufänken. Mat 16 Joer kënnen déi Jonk dann bei déi Grouss eriwwer wiesselen.

Wann's du interesséiert bass mat ze maachen, dann mell dech!

Weider Informatiounen fënnt een och ënnert www.jugendpompjeeen.lu.