LF2

Fabrikant: Mercedes Benz (Atego 1329F)
Baujoer: 2011
Opbau: Vanassche Firefighting Engineering
Équipage: 6
Funkruffnumm: Kielen LF2 1

Den LF2 (LöschFahrzeug mat 2000 Liter Tankinhalt) ass eise primären Asazwon. Mat senge 6 Plazen ass en genau op d'Permanence zougestëmmt, déi och domatt ob all d'Asätz rausfiert. An der Kabinn sinn 2 Sëtzplazen ageriicht wou een sech während der Fahrt kann mat Otemschutz equipéieren, fir esou bei engem Féier sou wéineg Zäit wei méiglech ze verléieren. An der Kabinn sinn och eng Wärmebildkamera, eng Otemschutziwwerwaachungstafel, een Eischt-Hëllefs-Rucksack mat Defibrillator an e Gasmiessgerät gelagert.

Am Opbau befënnt sech een Waassertank mat 2500 Liter Waasser, e Schaumtank mat 200 Liter Mehrbereichsschaummëttel an een Tank mat 100 Liter Class-A Schaummëttel. D'Pompel bréngt 1600L/min bei 8 Bar an am Héichdrock 250L/min bei 40 Bar. Doduerch hu mer och een Héichdrockschnellugreff an e Normaldrockschnellugreff.

Op de Säiten fënnt een dann nach verschiddent Pompjeesmaterial wéi zum Beispill Schläich, Lanzen, Schaumlanzen fir bei engem Feier an awer och technescht Material fir op Accidenter wéi zum Beispill Stabiliséierungsmaterial fir en Auto ze kalléieren, e Glasmaster (fir Fënsteren aus engem Auto erauszehuelen) an en Octopus (fir en Airbag esou ze sécheren, dass en während de Rettungsaarbechten net onverhofft kann obgoen).