Pompjeesbau

Rez-de-Chaussée

Garage

An der Garage fënnt een eis 5 Asazgefierer rëm. Se huet 4 Paarten, bei der 4. Paart stinn den KdoW an ELW 1 hannert eneen. Déi 4. Paart ass zudeems och eng Wäschstrooss déi et eis erméiglecht d'Gefierer mat adequatem Material ze wäschen.

An der Garage fënnt een och d'Méiglechkeet d'Bottinnen mat enger Stiwwelwäschanlag ze wäschen. Donieft fënnt een dann och eng Dreschenmaschinn fir d'Asazgezei nom Asaz ze dreschenen. Well mir och a Kontakt mat verletzen Persounen kommen, hu mir beim Spullsteen och eng Méiglechkeet fir d'Hänn ze desinfizéieren.

Vestiairen

Um Rez-de-Chaussez fënnt een jeeweils en Männer an Dammen Vestiaire. Bei de Männer hu mer 30 Spinten zur Verfügung a bei den Dammen 6. Donieft huet all Vestiaire säi Sanitärberäich mat Duschen an Toiletten, wou een sech nom Asaz kann frësch maachen.

Zentral

D'Zentral gëtt bei eis benotzt fir gréisser Asätz ze koordinéieren an ass deemno net ëmmer besat. Dorënner falen zum Beispill Stierm oder Sichaktiounen wou e groussen Dispositif um Terrain ënnerwee ass an och koordinéiert muss ginn.

Dofir hu mir zwou Aarbechtsplazen virgesinn mat jeeweils engem Telefon. Donieft huet eng Plaz e Computer fir den administrativen Deel ofzewécklen (Asazberichter schreiwen, Informatiounen am Internet nosichen, Kaartematerial zur verfügung stellen, etc.) Hei géingen och eventuell Telefonen vun de Bierger entgéint geholl ginn.

Déi zweet Aarbechtsplaz huet 2 Funkgeräter zur Verfügung fir mat de Leit um Terrain ze kommunizéieren. Dëse Posten ass deemno fir eis Leit zoustänneg.

An der Zentral fënnt een och verschidde Pläng vu Gebaier souwéi wéi Asazpläng rëm.

Atelier

Am Atelier kann d'Material aus de Ween no engem Asaz rëm an d'Rei gesat ginn. Donieft steet hei och Asazmaterial wat net ëmmer gebraucht gëtt wéi zum Beispill Motorseeën oder Pompelen fir beim Héichwaasser.

Hei steet och eisen internen Recyclingscenter vun der Superdreckskëscht.

Am Atelier stinn och verschidden Rollcontainere.

1. Stack

Bureau

Dëse Bureau gëtt vum Comité benotzt fir d'Verwaltung vum Zenter ze maachen. Hei stinn zwou Aarbechtsplaze zur Verfügung souwéi alles wat een an engem Sekretariat brauch.

Otemschutzwierkstat

D'Otemschutzwierkstat ass do fir eis Otemschutzgeräter souwéi Masken an d'Rei ze setzen.

D'Wierkstat selwer ass op e puer Raim opgedeelt, ee Schwaarzberäich wou dat knaschtegt Material hikënnt fir gebotzt ze ginn, an ee Wäissberäich wou d'Geräter rëm an d'Rei gesat ginn.

Am Wäissberäich steet och en Apparat fir ze kontrolléieren op eis Otemschutzgeräter nach dierfen an den Asaz goen oder net.

Stock

Am groussen Stock steet dat méi schwéiert Material respektiv dat Material wat een net sou oft brauch. Dat ass ënnert anerem Fässer mat engem Produit fir Uelegspuren ewech ze maachen, Sandsäck an Reserv Schläich an Armaturen.

Vestiaire Jugendpompjeeën

Eis Jugendpompjeeën hunn hiren eegene Vestiaire wou si hir Uniform kënnen hänke loossen déi si während den Übungen undoen.

2. Stack

Jugendraum

De Jugendpompjeeën steet fir hir Aktivitéiten en eegene Raum zur Verfügung. Hei kënnen si hiert Material lageren an och hir Übungen ofhalen.

Zousätzlech kann dëse Raum och fir Versammlungen déi d’Rettungsdéngschter betreffen zur Verfügung gestallt ginn.

Instruktiounssall

Den Instruktiounssall ass dee Raum wou eis theoretesch Formatiounen ofgehale ginn. Hei steet den Instrukteren an Formateuren eng modern Technik zur Verfügung fir ze Projezéieren.

Hei ginn och d'Éischt Hëllef Coursen ofgehalen déi Reegelméisseg vun der Gemeng organiséiert ginn.

Séjour

De Sejour steet eise Membere zur Verfügung fir während de Permanence Stonnen eng Méiglechkeet ze hunn fir sech opzehalen. Hei kann ee zesumme kachen oder einfach nëmmen Tele kucken, d'Zäitschrëften liesen oder sech entspaanen.

Bureau / Kleederkummer

Um 2. Stack ass en zweete Bureau deen och als Archiv benotzt gëtt. Direkt niewendrun ass d'Kleederkummer wou e klenge Stock u Kleeder leit fir eis Memberen kennen anzekleeden.

Ausstellung

Mir hunn och eng Ausstellung wou mir dem Public d'Geschicht vun Läsch- a Rettungswiesen aus der Gemeng Kielen wëllen méi no bréngen. Hei ass déi al Ollemer Pompel vun 1903 ausgestallt.