Donnerwiederen iwwert Lëtzebuerg

Vill lass war zu Meespelt a Keespelt déi läscht Nuecht mat den Donnerwiederen. Duerch de ville Reen an de Knëppelsteng waren zu Keespelt a Meespelt vill Kelleren an enger ganz kuerzer Zäit voll gelaf. Mir waren vun 22:00 bis 03:00 mat 5 Equippen an 20 Leit am Asaz, zousätzlech koum nach eng Equippe vum CIS […]

Weiderliesen

Kichebrand zu Nouspelt

Um 21:30 op Silvesterowend gouf den CIS Kielen op e Kichebrand op Nouspelt geruff. Op der Plaz ukomm gouf festgestallt datt sech keng Bewunner méi am Haus géifen ophalen an datt an der Kichen e Kachdëppe géing brennen. Duerch déi gutt Reaktioun vun den Awunner war Dier zur Kichen zou an eng Dampausbreedung konnt verhënnert ginn. Am […]

Weiderliesen

Feier an engem Appartementshaus zu Capellen

An der Nuecht vum 22. August koum et op der Arelerstrooss zu engem Feier an der Kichen vun engem Appartement. D’Awunner konnten sech alleguer a secherheet brengen sou datt kee blesséiert gouf. D’Feier konnt schnell lokaliséiert ginn an och schnell geläscht ginn, doduerch datt et awer en Appartement war huet missen all Wunneng op méiglech […]

Weiderliesen

Feier an engem Bësch zu Nouspelt

Mir goufen géint 14 Auer vum Fierschter drop opmierksam gemaach datt et an engem Bësch zu Nouspelt géing dämpen. No enger éischter Erkundung zesummen mam Fierschter fir d’Plaz ze fannen an d’Ausmooss vum Feier festzestellen gouf entscheed d’Permanence op Plaz ze ruffen fir d’Feier ze läschen. Well et relativ wäit am Bësch war, gouf och direkt […]

Weiderliesen

Feier an enger Scheier zu Nouspelt

Am fréien Nomëtteg vum 8. Juni 2017 si mir mat dem Asazstechwuert „B3″fir e Feier op engem Bauerenhaff zu Nouspelt geruff ginn. Am Stall goufen Ëmbauaarbechten gemaach, fir dass keen Dreck sollt an Zetär falen gouf dës zougedeckt, wouduerch sech d’Gasen an der Zetär konnte sammelen. Duerch d’Schweessaarbechten koum et zu enger Verpuffung vun de Gasen. […]

Weiderliesen

Onwiederasätz

Am Nomëtten vum 06.Juni ass een klengt Onwieder mat Reen an staarker Loft iwwert d’ Gemeng Kielen ewech gezunn. Kuerz Zäit drop ass d’Permanence vum CIS Kehlen geruff ginn fir tëschent Keespelt an Koplescht een Bam ewech ze maachen. Nach ënnerwee fir op deen éischten Asatz ass en zweeten Asatz dobäi komm fir tëschent Kielen an Nouspelt d’Strooss frei ze maachen. Am Asatz waren 6 Leit mam LF2 1 […]

Weiderliesen

Waasserschued duerch de Reen zu Keespelt

Um Moien vum 9. Mäerz 2017 gouf d’Permanence vu Kielen op e Waasserschued op Keespelt geruff. Op der Plaz gouf festgestallt datt duerch de ville Reen an déi läscht Zäit sech op enger déif gebauter Terrasse gesammelt hat an schonn ugefaangen hat an d’Haus eranzelafen. Mat zwou Tauchpompelen vun onsem Rollcontainer „Héichwaasser“ d’Waasser erausgepompelt. Fir […]

Weiderliesen

Feier zu Ollem

Um spéide Moie vum 03.Februar gouf de CIS Kehlen mëttels Alerte Générale op ee B2 geruff, mat der Meldung et géif aus engem Haus schwaarz eraus dämpen. Ënnerwee koum awer schonn d’Réckmeldung vun der Ambulanz déi schonn op der Plaz war, datt d’Feier aus wier. Et huet sech dunn eraus gestallt datt een Holzkoup hannert dem Haus gebrannt hat. […]

Weiderliesen