Feier an engem Keller zu Keespelt

De Samschdeg Moien, kuerz virun 7 Auer, goufen d’Pompjeeë aus der Gemeng Kielen ob e Kellerbrand ob Keespelt geruff. D’Bewunner aus dem Haus sinn duerch den Alarm vum Rauchmelder erwächt a sinn sou op d’Feier opmierksam ginn. Si konnten esou hiert Haus matzäit verloossen an iwwert den 112 d’Pompjeeë ruffen. Een éischten Otemschutztrupp ass iwwert […]

Weiderliesen

Schwéiert Accident tëscht dem Quatre-Vents an Koplescht

Um Donneschden Owend si géint 19:30 zwee Motorieder mat zwee Autoe kollidéiert. Dobäi ass den Tank vun engem Motorrad opgefuer an den auslafende Bensin huet sech entzünt. Ersthelfer op der Plaz haten scho probéiert d’Feier auszekréien an hunn sech bis d’Antreffe vun de Rettungsequippen ëm déi verletze gekëmmert. Déi zwee Motorradschauffeure goufen uerg verwonnt a koume mat enger Ambulanz an dem Helikopter an […]

Weiderliesen

Accident tëscht dem Quatre-Vents a Keespelt

Am fréien Nomëtten vum 3. Mee ass op der Streck tëscht dem Quatre-Vents a Keespelt een Auto un d’Schleidere geroden an an engem Feld um Daach leie bliwwen. Dobäi gouf eng Persoun liicht verwonnt. Op der Plaz war d’Permanence vun de Pompjeeë Gemeng Kielen, de Sauvetage an d’Ambulanz vu Mamer souwéi d’Police vun der Cap.

Weiderliesen

Gléck am Ongléck: Accident tëscht dem Quatre-Vents an Dondel

Um spéiden Mëtteg vum 12. Abrëll 2015 ass op der Stréck tëscht dem Quatre-Vents an Dondel en Auto vun der Strooss ofkomm an op der Leitplank stoe bliwwen. Chance haten déi 3 Leit am Auto, well en just op engem klengen Virsprong un d’stoe koum, ier et 50 Meter de Bësch erofgaange wier. Déi dräi […]

Weiderliesen

Accident tëscht engem Camion a Bus

Am Nomëtteg vum 24. Mäerz koum et op der Streck fir vu Keespelt op Schëndels zu engem Accident wou e Camion an e Bus dra verwéckelt waren. De Bus war zu dem Zäitpunkt eidel ënnerwee an och de Chauffer vum Bus koum ouni Blessuren dovun. De Chauffer vum Camion ass mat engem Schock dovu komm. […]

Weiderliesen

Feier an der Industriezone

Um freien Moien vum 1. Mäerz 2015 gouf d’Permanence op ee Feier hannert enger Hal an der Kielener Industriezone geruff. Op der Plaz hu si festgestallt datt ee Mataarbechter vun der Firma scho probéiert hat d’Feier mat zwee Feierläscher auszemaachen, wat him awer net gelonge war. Doropshi sinn d’Pompjeeën dann mat schwéierem Otemschutz virgaangen fir […]

Weiderliesen

Accident tëscht Kielen an dem Quatre-Vents

Um Mëtteg vum 2. Januar war tëscht Kielen an dem Quatre-Vents en Auto an ee Bam gerannt. Dobäi gouf den Auto staark un der Chaufferssäit beschiedegt mä de Chauffer konnt sech nach selwer aus dem Auto befreien. Hie koum mat der Ambulanz an Dingschtspidol. Op der Plaz war d’Permanence vun de Kielener Pompjeeën, de Sauvetage […]

Weiderliesen