Feier zu Ollem

Um spéide Moie vum 03.Februar gouf de CIS Kehlen mëttels Alerte Générale op ee B2 geruff, mat der Meldung et géif aus engem Haus schwaarz eraus dämpen. Ënnerwee koum awer schonn d’Réckmeldung vun der Ambulanz déi schonn op der Plaz war, datt d’Feier aus wier. Et huet sech dunn eraus gestallt datt een Holzkoup hannert dem Haus gebrannt hat. […]

Weiderliesen

Daachstullbrand zu Nouspelt

Sonndeg den 13. November géint 03h30 waren de Centre d’Incendie et de Secours vu Kielen, Mamer a Käerch op Nouspelt  geruff ginn wou den Daach vun engem Haus grad wéi zwee Zëmmeren a Flaamen stoungen. En éischten Binôme mat Otemschutz ass direkt eragaangen fir d’Feier ze bekämpfen. 5 Minutten drop ass een zweeten Binôme mat […]

Weiderliesen

Fëschreier verletzt

Um Moie vum 3. November 2016 gouf eis d’Permanence op ee méi ongewéinlechen Asaz geruff. Mer krute gemellt datt um Brameschhaff en verletzte Fëschreier wier. Wéi mer op der Plaz ukoumen, hu mer festgestallt datt dem Fëschreier säi Flillek gebrach war. Doropshin hu mer en agefaangen an op Diddeleng an Déiereklinik gefouert.  

Weiderliesen

Eis Jugendpompjeeën am „Alldag“ vum Beruffspompjee

Um Weekend vum 24. a 25. September 2016 hunn d’Jugendpompjeeë vun der Gemeng Kielen eng 24 Sonnen Übung gemaach an där si den Alldag vun engem aktive Pompjee erliewe konnten. Si sinn zum Beispill op „Asätz“ gefuer an hunn misste reagéieren an agéiere wei et een aktive Pompjeeën och gemaach hätt. Mat e bëssen Hëllef vun deene Groussen hunn sinn dëst och gutt […]

Weiderliesen

Den CIS Kielen funkt elo Digital

Zënter knapps enger Woch si mir mam neien Digitalfunk RENITA (Réseau national intégré de radiocommunication) ausgerüst ginn. Dobäi gouf an all de Gefierer déi al Analog Funkgeräter duerch neier ersat. Och eise Poste Fixe ass elo voll funktiounsfäeg. Doduerch datt elo all Zenter seng 4 Spriechgruppen huet an och nei „Kommandogruppen“ geschafe goufen, déi am […]

Weiderliesen

Accident op der A6 richtung Stengefort

Um Owend vum 23. Juli goufe mir op en Accident op d’Areler Autobunn bei der Sortie Stengefort geruff. Op der Plaz ukomm gouf festgestallt datt an engem Auto nach zwou Persounen ageklemmt waren. Aus engem 2. Auto konnte sech d’Persounen selwer befreien. Alles an allem ware 4 blesséierter ze bekloen. Op der Plaz war den […]

Weiderliesen

Schwéiert Accident um Päischtméindeg

Um fréien Moien vum Päischtméindeg gouf Déngschtéquipe op en schwéiert Accident tëscht Mamer a Kielen geruff. Op der Plaz ukomm huet sech erausgestallt datt en Geländewon frontal mat engem Bam zesummegestouss war. De Chauffer vum Auto gouff dobäi am Gefier ageklemmt an gouff och schwéier verwonnt. Op der Plaz war den LF2 vu Kielen, d’Ambulanz, […]

Weiderliesen