Kellerbrand zu Ollem

E Samschdeg, 19. Mäerz, kuerz no Mëtteg goufe d‘Pompjeeën aus der Gemeng Kielen op e Kellerbrand op Ollem geruff. Op der Plaz ukomm gouf festgestallt datt Flamen aus der zouener Garagepaart erausgeschloen hunn. D‘Awunner konnten sech all selwer a Sécherheet bréngen sou datt kee blesséiert ginn ass. Eng éischt Otemschutzéquipe ass mat engem Schlauch duerch […]

Weiderliesen

Rapport 2015

D’Joer 2015 war e gutt gefëllte Joer fir d’Pompjeeën aus der Gemeng Kielen. Am ganze goufen 206 Asätz geleescht, wat e plus vun 53 Asätz ass am vergläich zu 2014. Déi Asätz hunn sech opgedeelt op 184 Technesch Asätz an 22 Brand Asätz. E puer méi spektakulär Asätz waren och dobäi: Ee schwéiert Motorradsaccident tëschent […]

Weiderliesen

Accident tëschent Nouspelt a Kielen

Am Nomëtten vum 21. Dezember koum et op der Streck tëscht Nouspelt a Kielen zu engem Accident. Eng Persoun war mat sengem Auto vun der Strooss ofkomm an géint e Bam gerannt. Den Auto ass dobäi um Daach leie bliwwen. De Chauffer krut duerch Ersthelfer direkt gehollef a konnt sech och alleng aus dem Auto […]

Weiderliesen

Porte Ouverte an Aweiung vum neien Bau

Den 26. November huet d’Gemeng Kielen op eng Porte Ouverte am neien Pompjeesbau invitéiert fir en de Leit aus der Gemeng ze presentéieren. Alles an allem waren ongeféier 200 Leit op der Porte Ouverte fir sech d’Gebai unzekucken an sech iwwert den Fonctionnement vum Service ze informéieren. Den Dag drop, den 27. November, gouf de […]

Weiderliesen

Oktober 2015

Lues awer sécher ginn d’Aarbechten am neien Pompjeesbau ob een Enn. D’Fassade ass esouwäit fäerdeg, d’Storen sinn montéiert an d’Solarpanelen um Daach sinn installéiert.   Déi éischt Miwwelen sinn do, d’Vestiairen sinn opgeriicht a prett fir an den Asaz. De Plätterchersleeër ass fäerdeg, den Usträicher huet nach just e puer Retouchen ze maachen an den […]

Weiderliesen

Opriichten vun engem Flüchtlingszenter

Haut gouf zu Stroossen domat ugefaang fir am Centre de Logopedie en neien Flüchtlingszenter op ze riichten. Den éischte Schrëtt war et fir alles wat net méi gebraucht gëtt eraus ze raumen an ze botzen. Dono gouf gekuckt wat nach kéint gebraucht ginn, wéi zum Beispill Schief fir Kleeder oder Spillsaachen. An den nächsten Deeg […]

Weiderliesen

Feier an engem Keller zu Keespelt

De Samschdeg Moien, kuerz virun 7 Auer, goufen d’Pompjeeë aus der Gemeng Kielen ob e Kellerbrand ob Keespelt geruff. D’Bewunner aus dem Haus sinn duerch den Alarm vum Rauchmelder erwächt a sinn sou op d’Feier opmierksam ginn. Si konnten esou hiert Haus matzäit verloossen an iwwert den 112 d’Pompjeeë ruffen. Een éischten Otemschutztrupp ass iwwert […]

Weiderliesen

Schwéiert Accident tëscht dem Quatre-Vents an Koplescht

Um Donneschden Owend si géint 19:30 zwee Motorieder mat zwee Autoe kollidéiert. Dobäi ass den Tank vun engem Motorrad opgefuer an den auslafende Bensin huet sech entzünt. Ersthelfer op der Plaz haten scho probéiert d’Feier auszekréien an hunn sech bis d’Antreffe vun de Rettungsequippen ëm déi verletze gekëmmert. Déi zwee Motorradschauffeure goufen uerg verwonnt a koume mat enger Ambulanz an dem Helikopter an […]

Weiderliesen