August 2015

De Plätterchersleer huet an deenen läschten Wochen gudd geschafft an am Traapenhaus, am Otemschutzatelier an ob den Toiletten an Duschen ass hien schon gudd firunkomm. Um 2te Stack goufen d’Gerüster fir de falsche Plafong montéiert. D’Miwwelen fir d’Otemschutzwierkstaat goufen schon geliwwert an agabaut. De Kompressor fir d’Fläschen ze fëllen gouf och schon aus dem Regiebetrieb […]

Weiderliesen

Workshop mam Lycée Ermesinde

“Zivilcourage” war eng Woch laang d’Thema am Lycée Ermesinde zu Miersch. An deem Kader goufen verschidden Atelieren vun de Schüler selwer organiséiert. Een Thema dovun war de “Rettungsdéngscht”. De Pit Bodson an de Malik Reinertz, 2 Schüler a gläichzäiteg och Memberen bei eis an de Jugendpompjeeën hunn dësen Atelieren zesummen mat engem Schoulkolleg, engem Jugendpompjee […]

Weiderliesen

Accident tëscht dem Quatre-Vents a Keespelt

Am fréien Nomëtten vum 3. Mee ass op der Streck tëscht dem Quatre-Vents a Keespelt een Auto un d’Schleidere geroden an an engem Feld um Daach leie bliwwen. Dobäi gouf eng Persoun liicht verwonnt. Op der Plaz war d’Permanence vun de Pompjeeë Gemeng Kielen, de Sauvetage an d’Ambulanz vu Mamer souwéi d’Police vun der Cap.

Weiderliesen

Mee 2015

D’Fënsteren an d’Baussendieren sinn montéiert. Ronderëm d’Gebai sinn d’Aarbechten gutt virugaang. D’Parkplazen sinn fäerdeg, elo fehlt nach just den Macadam ob der Fahrspuer.     Een Überflurhydrant hannert dem Gebai ass och gesat an wäert de Pompjeeë an Zukunft dengen fir Übungen ofzehalen. E puer Biller aus der Garage. Déi technesch Installatiounen sinn gréisstendeels fäerdeg. Et […]

Weiderliesen

Gléck am Ongléck: Accident tëscht dem Quatre-Vents an Dondel

Um spéiden Mëtteg vum 12. Abrëll 2015 ass op der Stréck tëscht dem Quatre-Vents an Dondel en Auto vun der Strooss ofkomm an op der Leitplank stoe bliwwen. Chance haten déi 3 Leit am Auto, well en just op engem klengen Virsprong un d’stoe koum, ier et 50 Meter de Bësch erofgaange wier. Déi dräi […]

Weiderliesen

Accident tëscht engem Camion a Bus

Am Nomëtteg vum 24. Mäerz koum et op der Streck fir vu Keespelt op Schëndels zu engem Accident wou e Camion an e Bus dra verwéckelt waren. De Bus war zu dem Zäitpunkt eidel ënnerwee an och de Chauffer vum Bus koum ouni Blessuren dovun. De Chauffer vum Camion ass mat engem Schock dovu komm. […]

Weiderliesen

Feier an der Industriezone

Um freien Moien vum 1. Mäerz 2015 gouf d’Permanence op ee Feier hannert enger Hal an der Kielener Industriezone geruff. Op der Plaz hu si festgestallt datt ee Mataarbechter vun der Firma scho probéiert hat d’Feier mat zwee Feierläscher auszemaachen, wat him awer net gelonge war. Doropshi sinn d’Pompjeeën dann mat schwéierem Otemschutz virgaangen fir […]

Weiderliesen