Januar 2015

De Réibau ass elo fäerdeg. Déi 4 Garagepaarten sinn montéiert. Am Januar ginn d’Fënsteren montéiert an duerno fiert den Installateur an den Elektriker mat senger Aarbecht virun.

Weiderliesen

Accident tëscht Kielen an dem Quatre-Vents

Um Mëtteg vum 2. Januar war tëscht Kielen an dem Quatre-Vents en Auto an ee Bam gerannt. Dobäi gouf den Auto staark un der Chaufferssäit beschiedegt mä de Chauffer konnt sech nach selwer aus dem Auto befreien. Hie koum mat der Ambulanz an Dingschtspidol. Op der Plaz war d’Permanence vun de Kielener Pompjeeën, de Sauvetage […]

Weiderliesen

November 2014

De Réibau ass esougutt wei fäerdeg. Déi éischt Tëschenduerch si gesat, d’Foussbuedemheizung an der Garage ass geluecht an d’Schapp ass drop. Den Elektriker huet déi éischt Kabelen gezunn an vum Sanitär sinn déi éischt Ofwaasserréier verluecht.

Weiderliesen

September 2014

Nom Kollektivcongé sinn d’Aarbechten erëm voll amgaang. Den 1te Stack ass esou gutt wei fäerdeg. Am Moment sinn d’Preparatiounsaarbechten amgaangen fir d’Dall iwwert d’Garagen ze zeien. D’Aarbechten ob der Haaptstrooss laanscht d’Lager vum Delhaize, déi och heiansdo den Verkéier behënnert hunn, ginn och esou lues zu Ënn. Des Aarbechten waren néideg fir de Regiebetrib vun […]

Weiderliesen

Juli 2014

Déi éischt Maueren vum neien Bau stinn an d’Garagen, d’Vestiairen, den Atelier an d’Asazzentral um Rez-de-chaussée sinn schonn gutt ze erkennen. Mëtt Juli gouf d’Dall vum éischte Stack gegoss. D’Stützmaueren fir de Site vun den Nopeschterraine ofzegrenzen sinn och schonn esou gutt wei fäerdeg.

Weiderliesen

Ofschlossübung beim Kielener Atelier

Den 8. Juli hat de Corps Kielen hier traditionell Ofschlossübung wou dëst Joer zesummen mat den Kopleschter an Mamer Kollegen geübt gouf. Simuléiert gouf e Feier an der Schräinerei vum Kielener Atelier an der Industrie Zone mat 3 vermëssten Persounen. D’Permanence déi fir d’éischt op der Plaz waren wéinst engem Feieralarm, hu dunn schnell missten […]

Weiderliesen