Porte Ouverte an Aweiung vum neien Bau

Den 26. November huet d’Gemeng Kielen op eng Porte Ouverte am neien Pompjeesbau invitéiert fir en de Leit aus der Gemeng ze presentéieren. Alles an allem waren ongeféier 200 Leit op der Porte Ouverte fir sech d’Gebai unzekucken an sech iwwert den Fonctionnement vum Service ze informéieren. Den Dag drop, den 27. November, gouf de […]

Weiderliesen

Oktober 2015

Lues awer sécher ginn d’Aarbechten am neien Pompjeesbau ob een Enn. D’Fassade ass esouwäit fäerdeg, d’Storen sinn montéiert an d’Solarpanelen um Daach sinn installéiert.   Déi éischt Miwwelen sinn do, d’Vestiairen sinn opgeriicht a prett fir an den Asaz. De Plätterchersleeër ass fäerdeg, den Usträicher huet nach just e puer Retouchen ze maachen an den […]

Weiderliesen

August 2015

De Plätterchersleer huet an deenen läschten Wochen gudd geschafft an am Traapenhaus, am Otemschutzatelier an ob den Toiletten an Duschen ass hien schon gudd firunkomm. Um 2te Stack goufen d’Gerüster fir de falsche Plafong montéiert. D’Miwwelen fir d’Otemschutzwierkstaat goufen schon geliwwert an agabaut. De Kompressor fir d’Fläschen ze fëllen gouf och schon aus dem Regiebetrieb […]

Weiderliesen

Mee 2015

D’Fënsteren an d’Baussendieren sinn montéiert. Ronderëm d’Gebai sinn d’Aarbechten gutt virugaang. D’Parkplazen sinn fäerdeg, elo fehlt nach just den Macadam ob der Fahrspuer.     Een Überflurhydrant hannert dem Gebai ass och gesat an wäert de Pompjeeë an Zukunft dengen fir Übungen ofzehalen. E puer Biller aus der Garage. Déi technesch Installatiounen sinn gréisstendeels fäerdeg. Et […]

Weiderliesen

Januar 2015

De Réibau ass elo fäerdeg. Déi 4 Garagepaarten sinn montéiert. Am Januar ginn d’Fënsteren montéiert an duerno fiert den Installateur an den Elektriker mat senger Aarbecht virun.

Weiderliesen

November 2014

De Réibau ass esougutt wei fäerdeg. Déi éischt Tëschenduerch si gesat, d’Foussbuedemheizung an der Garage ass geluecht an d’Schapp ass drop. Den Elektriker huet déi éischt Kabelen gezunn an vum Sanitär sinn déi éischt Ofwaasserréier verluecht.

Weiderliesen

September 2014

Nom Kollektivcongé sinn d’Aarbechten erëm voll amgaang. Den 1te Stack ass esou gutt wei fäerdeg. Am Moment sinn d’Preparatiounsaarbechten amgaangen fir d’Dall iwwert d’Garagen ze zeien. D’Aarbechten ob der Haaptstrooss laanscht d’Lager vum Delhaize, déi och heiansdo den Verkéier behënnert hunn, ginn och esou lues zu Ënn. Des Aarbechten waren néideg fir de Regiebetrib vun […]

Weiderliesen

Juli 2014

Déi éischt Maueren vum neien Bau stinn an d’Garagen, d’Vestiairen, den Atelier an d’Asazzentral um Rez-de-chaussée sinn schonn gutt ze erkennen. Mëtt Juli gouf d’Dall vum éischte Stack gegoss. D’Stützmaueren fir de Site vun den Nopeschterraine ofzegrenzen sinn och schonn esou gutt wei fäerdeg.

Weiderliesen