TLFW

Fabrikant: Mercedes Benz (Unimog U1550 L)
Baujoer: 1991
Opbau: Rosenbauer
Équipage: 3
Funkruffnumm: Kielen TLFW 1

Den TLFW (TankLöschFahrzeug Waldbrand) ass en Unimog deen eis et och erméiglecht fir an schwieregem Terrain kennen ze schaffen, virun allem bei Bësch- oder Feldbränn.

Am Opbau befënnt sech e Waassertank mat 2000 Liter Waasser an ee Schaumtank mat 200 Liter Mehrbereichsschaummëttel. D’Pompel bréngt am Nidderdrock 3000L/min bei 10 Bar. Dëse Won huet och en Waasserwerfer uewen um Daach deen eis et erméiglecht e Feier aus enger gréisserer Distanz ze läschen.

Op de Säite fënnt een dann nach verschiddent Pompjeesmaterial wéi zum Beispill Schläich, Lanzen, Schaumlanzen,… . An dësem Won sinn och 4 Otemschutzgeräter ënnerbruecht.