TSF

Fabrikant: Mercedes Benz (Sprinter 314)
Baujoer: 2003
Opbau: Ziegler
Équipage: 6

Ass un d'Gemeng Schieren verkaf ginn, wou en elo am CIS Schieren weider am Asaz ass.

Den TSF (TragkraftSpritzenFahrzeug) huet virun allem als Aufgab fir d’TS (Tragkraftspritze) ob d’Asazplaz ze transportéieren. Eng TS ass eng portabel Pompel déi mat engem Bensinsmotor ugedriwwe gëtt. Dës Pompel gëtt iwwerall do agesat wou gréisser Quantitéiten Waasser mussen transportéiert ginn, z.B. bei engem Groussbrand oder bei Héichwaasser.

Am TSF ass och nach anert Pompjeesmaterial gelagert, wei z.B. Schläich, Lanzen, Leederen, Beliichtungsmaterial a villes méi.

Dëse klenge Won kann duerch seng villsäiteg Beluedung ganz flexibel agesat ginn. Kleng Asätz ewéi e Keller auspompelen oder e Bam aus der Strooss ewechmaachen gehéieren och zu sengen Haaptaufgaben. Bei gréisseren Bränn gëtt den TSF agesat fir d’Waasserversuergung opzebauen an eventuell Beliichtung ze maachen.