Rollcontainer Pompel (PFPN)

Den Rollcontainer mat der Pompel gëtt gehol fir bei enger Baach oder Weier Waasser un ze saugen an op d'Brandstell ze förderen.

D'Pompel kann och am Kader vun enger "Wasserförderung über lange Wegstrecken" geholl ginn, wou Waasser iwwert eng länger Distanz muss transportéiert ginn, well op der Plaz net genuch Waasser aus anere Quellen (z.B.: Hydrant) zur Verfüfung steet.

Waasserbehälter

Den Waasserbehälter gëtt als Pufferspächer geholl bei enger Waasserförderung. An deem Behälter kënnen 5 000 Liter Waasser opgeholl ginn.

Dës Aart a Weis fir Waasser iwwert eng gréisser Distanz ze fördern nennt sech "Oppen Waasserförderung". Mat där ass et méiglech en Ausfall vun enger Pompel oder engem Schlauch kuerzzäiteg ze kompenséieren, well just ee klengt Stéck vun der ganzer Streck betraff ass.

Rollcontainer Schlauch

Fir d'Waasser vun A op B ze kréien, hu mir en Rollcontainer mat 500 Meter B-Schlauch.